Néierlag an der éischter Halleffinall

23rd April 2024

club logo

DT Berbuerg


An der éischter vun zwou Halleffinallen hunn eis Jongen sech misse 4-6 géint Recken geschloe ginn.


Wéi erwaart huet Recken der Ranglëscht no opgesat, mam Thomas Keinath a Matas Skucas fir, a mam Gene Wantz a Louis Gira hannen. Mir si mam Leandro a Michael am viischte Paarkraiz, a mam David an Tom am hënneschten ugetrueden.


Doduerch dass de Leo op Positioun 2, an de Michael op Positioun 1 gespillt hunn, ass et direkt zum Duell vun de Spëtzespiller Fuentes géint Keinath komm. Nodeems de Leandro dat lescht Duell fir sech decidéieren konnt huet hien sech de Sonndeg missen 0-3 geschloe ginn. Grad esou däitlech huet de Michael sech um Dësch niewendrun géint de Skucas duerchgesat.


Am hënneschte Paarkraiz waren d’Matcher genau sou kloer, den David setzt sech iwwerraschent däitlech géint den an der lescht formstaarke Wantz duerch, den Tom verléiert géint de Gira.


No der Paus konnt de Keinath senger Favoritteroll gerecht ginn a wënnt a véier knappe Sätz géint de Michael. Zäitgläich ass et zum Break zu Gonschte vu Recken komm, de Skucas konnt iwwerraschent géint de Leandro gewannen deen ni richteg an de Match fonnt huet.


Elo stoungen eis Jonge gewalteg ënner Drock vue datt mam Match Scholtes-Gira a Fuentes-Skucas zwee wichteg, villäicht souguer decisiv Matcher verluer gaange sinn. Den David wënnt dunn 3-0 géint de Gira a konnt den Ecart op 3-4 verkierzen, allerdéngs huet den Tom sech no fënnef Sätz missen dem Wantz geschloe ginn, sou datt et mat 3-5 aus eiser Siicht an d’Dubbele gaangen ass.


Hei haten de Michael an den David keng Problemer géint d’Koppel Wantz/ Gira, leider huet de Reckener Spëtzendubbel Keinath/Skucas um Dësch niewendrun géint den Tom an de Leo duerchgesat, sou datt de Match schlusendlech mat 4-6 verluer geet.


Wat bedeit dat elo fir déi zweet Halleffinall? Ganz einfach, se muss gewonn ginn. E Gläichspill geet Recken duer fir an d’Finall anzezéien, just eng Victoire erhält eis d’Chance fir wieder ze kommen. Am Fall wou mir déi zweet Halleffinall gewanne sollte wäert direkt nom Match e „golden Match“ gespillt ginn. Hei gëtt d’Equipe nei opgestallt vun 1 bis 4, an da spillt 1 géint 1, 2 géint 2, asw. Hei gëtt allerdéngs ëmmer just 1 Saz gespillt, an déi Equipe déi fir d’éischt dräi Sätz gewënnt, huet de Match gewonnen an zitt an d’Finall an.


D’Chance besteet also nach weiderhin, och wann eis Jongen eng gutt Schëpp dropleeë mussen. Mir wieren awer net Berbuerg, wa mir dat net maache géifen! Dofir e waarmen Appell un all Frënd a Supporter vum DTB a vum Dëschtennis, kommt de Sonndeg an d’Hal a feiert eis Jongen un. De Match fänkt um 15h un, fir Iessen a Gedrénks ass wéi ëmmer beschtens gesuergt.


It ain’t over till it‘s over!


Go DTB



image