Berbuerg an der Final!

29th April 2024

club logo

DT Berbuerg


No der knapper 4-6 Néierlag an der éischter Halleffinall konnten eis Jongen sech gëschter souverän mat 6-1, an duerno 3-0 am golden Match virun iwwer 200 Spectateuren duerchsetzen.


Béid Equippen si mat der nämmlechter Opstellung an déi zweet Halleffinall gestart, Recken huet mam Thomas Keinath a Matas Skucas fir, a mam Gene Wantz a Louis Gira hanne gespillt. Bei eis hunn de Leandro Fuentes an de Michael Schwarz amviischte Paarkraiz, an den David Henkens an den Tom Scholtes am hënneschte Paarkraiz gespillt.


Et ass och direkt rëm zum Duell vun den Nummer 1’e komm, hei konnt de Leandro sech däitlech par Rapport zu leschter Woch steigeren an huet e ganz serréierte Match géint de Keinath gespillt. Nodeems hien am fënnefte Saz 4-10 hanne war huet hien sech op 10-10 erugekämpft, huet du schlussendlech awer mat 10-12 de Kierzeren gezunn. De Michael konnt seng staark Form aus der éischter Halleffinallconfirméieren a setzt sech 3-1 géint de Skucas duerch.


Am hënneschte Paarkraiz huet den David sech schwéier gedoe géint e staarke Gira, konnt sech um Enn awer 3-1 behaapten. Um Dësch niewendrun ass et zum Duell vun den zwee jonken Nationalspiller komm. Nodeems den Tom déi lescht Wochen an engem Formdéif war, huet hie gëschter direkt gewisen dass dat elo riwwer ass. An engem flotte Match géint de Wantz huet hien seng Liichtegkeet a säi Spillwitz rëmfonnt a konnt de Match 3-1 fir sech decidéieren, an eis Faarwe mat engem fréie Break 3-1 a Féierung bréngen.


No der Paus ass de Michael géint de Keinath ugetrueden, an huet hei d’Sensatioun fäerdeg bruecht. Duerch eng super Performance huet hie géint d’Nummer 1 aus de Ranglëscht iwwerraschent däitlech mat 3-1 gewonnen, an huet domat definitiv de Grondstee geluecht fir déi Berbuerger Victoire. Sai Resultat huet och de Leandro um Dësch niewendrun befligelt, deen no engem 0-2 Réckstand géint de Skucas de Match nach gedréit huet an eis mat 5-1 a Féierung bruecht huet.


Déi lescht zwee Matcher sinn dunn och zu onse Gonschte verlaf, den Tom konnt seng Revanche géint de Gira huelen, dem David säi Match géint de Wantz gouf du bei 2-0 an 9-3 ofgebrach.


Laang konnte mir eis awer net freeën, wëll no der Néierlag zu Miersch an der Victoire zu Berbuerg ass et direkt drop zum decisive „golden Match“ komm. Hei gouf d’Equipe ganz nei opgestallt, ouni Restriktioun vun 1 bis 4, woubäi Spiller déi op 1 gesat sinn ee Saz géintenee spillen, duerno d’Spiller déi op zwee gesat sinn, asw. Dat ganzt bis eng Equipe dräi Sätz gewonnen huet.


Am éischte Saz ass den Tom géint de Keinath ugetrueden, an huet och hei Charakter bewisen. No engem fréien 1-5 Réckstand huet hie weider gekämpft an ëmmer besser an de Saz fonnt. Hien huet géint de beschte Spiller aus dem Championnat gutt matgespillt an och beim Stand vu 7-10net opginn. Mat de Supporter am Réck huet hie 5 Punkten um Stéck gemaach an déi riseg Iwwerraschung fäerdeg bruecht, an den éischte Saz fir eis Faarwe gewonnen. Am zweete Saz ass de Leandro géint de Skucas ugetrueden, an huet och hei direkt gutt an de Match fonnt. Nodeems sech de Reckener rëm erugekämpft hat, konnt de Leo awer schlussendlech de Sak zoumaachen a wënnt den zweete Saz 11-9, wat eis dräi Matchbäll verschaaft huet. Dräi waren awer net néideg, wëll de Michael am drëtte Saz géint de Gira de Sak zougemaach huet an eis d’Victoire geséchert huet.


No der leschter Woch wou just de Michael an den David hir normal Form haten, hu gëschter all eis Jongen iwwerzeegt. Jidderee war an den decisive Momenter voll do a konnt wichteg Matcher gewannen. Eng decisiv Roll husécherlechocheis vill Supporter gespillt. D’Stëmmungwar vun Ufank bis zum Schluss iwwerwältegend, an huet eis Equipe gedroen. Zesumme mat de ville Reckener Supporter hunn déi iwwer 200 Leit fir eng Ambiance gesuergt déi et nach net oft am Lëtzebuerger Dëschtennis gouf! E groussen MERCI u jiddereen dee gëschter do war, u jiddereen deen eis Equipe iwwer d’Saison ënnerstëtzthuet an doduerch zu eisem Succès bäigedroen huet.


Domat steet den DT Berbuerg fir d’éischte Kéier a senger 49 Joer aler Geschicht an der Finall vum Championnat. Hei waart keng aner Equipe wéi de Coupe-Gewënner an amtéierende Champion, den DT Hueschtert-Folscht op eis. Vun Ufank u war kloer dass et si ze schloe gelt, wann ee Champion wëll ginn. Et war e laange Wee bis hei hinner, mee elo erwaart eis déi schwéiersten Aufgab. Dofir e waarmen Appell un all eis Supporter, un all Member a Frënd vum DTB, un all Berbuerger, un all Frënd vum Dëschtennis a vu Sport, kommt nächste Sonndeg op Berbuerg an d’Sportshal wou mir um 15h den DT Hueschtert-Folscht empfänken, an de wichtegste Match an eiser Geschicht spillen!


Go DTB!



image