Phenomenale Comeback! Victoire an der éischter Final.

8th May 2024

club logo

DT Berbuerg

De Sonndeg war et endlech souwäit, déi éischt Finall am Dëschtennischampionnat fir den DT Berbuerg. Iwwer 300 Spectateuren haten de Wee op Berbuerg an d’Sportshal fonnt, fir déi zwou bescht Equippen aus dem Lëtzebuerger Dëschtennis ze gesinn.

Grousse Favorit war den Titelverdeedeger Hueschtert-Folscht, mä eis Jonge waren immens motivéiert an haten no der staarker zweeter Halleffinall géint Recken genuch Confiance fir sech eng Iwwerraschung zouzetrauen.

Béid Equippen hunn der Ranglëscht no opgesat, wouduerch een sech vill spannend Matcher erwaart huet. Dëst war allerdéngs ufanks net de Fall, well eis Jongen net gutt an de Match fonnt hunn, an déi Hueschterter ganz staark opgetruede sinn. Sou huet de Michael sech mat 0-3 géint de Gleb Shamruk, an de Leo mam nämmlechte Resultat géint den Zoltan Fejer-Konnerth misse geschloe ginn. Hueschtert huet also direkt de Break gemaach, a mir stoungen no den éischten zwee Matcher scho mam Réck zur Mauer. Den Tom huet uschléissend géint de Maël Van Dessel de Kierzere gezunn, den David konntdunnawerden éischte Match fir eis Faarwe gewannen, dat géint de Kevin Kubica. Sou ass et mat 1-3 an d’Paus gaange, an eis Jongen hunn sech misse steigere fir net aus der éischter Finall als däitleche Verléierer vum Dësch ze goen.

A sou ass et dunn och komm! De Leo an de Michael si ganz entschloss opgetrueden a mat de ville Supporter am Réck konnten déi zwee hire beschten Dëschtennis spillen. Eng Victoire géint ee vun den Hueschterter Spëtzespiller ass ëmmer eng Iwwerraschung, eis Jongen hunn et fäerdeg bruecht fir déi zwee parallel ze klappen! De Leo konnt mat enger vu senge beschte Performancen d’Hueschterter Nummer 1 Shamruk 3-1 schloen, de Michael huet niewendrun a sengem leschten Heemmatch fir den DTB géint de laangjärege Bundesligaprofi Fejer-Konnerth a fënnef Sätz gewonnen. Domat stoung et beemol 3-3, an d’Sportshal zu Berbuerg huet elo definitiv gebrannt. Am hënneschte Paarkraiz hunn eis Jongen de Schwong mat weider geholl, an och si hunn ophéchstem Niveau gespillt. Den Tom konnt eis duerch eng Victoire géint de Kubica mat 4-3 a Féierung bréngen, niewendrun ass et zum zweete Krimi vum Nomëtteg komm, wou de Match David géint Van Dessel an d’Bäll gaangen ass. Jiddereen an der Hal wosst, dass dëse Saz decisiv fir de ganzen Ausgang vum Match géif ginn. Mam Momentum op senger Säit ass och den David iwwert sech eraus gewuess, a konnt sech schlussendlech géint de Lëtzebuerger Landesmeeschter Van Dessel duerchsetzen, a Berbuerg mat 5-3 a Féierung bréngen.

D’Decisioun ass dunn an den Dubbele gefall, wou den Tom an de Leo géint d’Koppel Kubica/ Van Dessel de sechste Punkt fir d’Berbuerger Victoire geholl hunn. Domat konnten eis Jongen déi éischt Final méi wéi iwwerraschend, a virun allem no engem 1-3 Réckstand, dréiena schlussendlech spektakulär mat 6-3 gewannen.

E groussen MERCI un ALL d’Supporter, souwuel vun Hueschtert-Folscht wéi och déi Berbuerger, fir déi grandios Stëmmung an dëser Finall. Et war e grousse Match, op engem ganz héijen Niveau an eng fantastesch Reklamm fir den Dëschtennis.

Ausroue kënne mir eis allerdéngs elo net. Egal wéi flott de Match war, oder wéi gutt eis Jonge gespillt hunn, gewonnen hu mir nach näischt. Den eenzege Virdeel dee mir eis verschaaft hunn ass, dass eis e Gläichspill duergeet fir Champion ze ginn. Bei enger Victoire vun Hueschtert gëtt, genau wéi an der Halleffinall géint Recken, e Golden Match gespillt. Dofir e (leschte) waarmen Appell un all Supporter a Frënd vum DTB, kommt nächste Sonndeg op Kietscht wou eis Jongen um 15h géint de weiderhi grousse Favorit Hueschtert untrieden, a probéiere Geschicht ze schreiwen.

Go DTB!

Mir si Berbuerg!


Fotograféiert vum Jerry GERARD

image