Start an d’Saison 24/25

24th September 2024

club logo

DT Berbuerg

image

Kommende Samschdeg start den nationalen Dëschtennis-Championnat an d’Saison 2024/25. Den DT Berbuerg ass mat 6 Equippen, vun der Audi-league bis an d’4. Divisioun, vertrueden. No der spannender an erfollegräicher leschter Saison wëlle mir eis gutt Resultater dës Joer toppen.

Eis éischt Equipe mëscht den Ufank um Samschdeg mam Derby géint Iechternach. Um 14h30 empfänke mir d’Abteistieder zu Berbuerg an der Sportshal. Nom Ofgang vum Michael Schwarz trëtt eis jonk Equipe mam Leandro Fuentes, mam David Henkens, mam Tom Scholtes a mat eisem Neizougang Loris Stephany un. Encadréiert a gecoacht gëtt d’Equipe vum Luc Michely a Pol Breser.

Owes ab 19h30 spillen dann eis aner Equippen hiren éischte Championnatsmatch. D’Buvette ass souwuel Mëttes wéi och Owes op, an et ass beschtens fir Iessen a Gedrénks gesuergt.

 

Go DTB!