Victoire am Derby géint Iechternach

3rd October 2024

club logo

DT Berbuerg

image

De Samschdeg konnten eis Jongen sech um éischte Spilldag vun der neier Saison mat enger 6-2 Victoire am Ost-Derby géint Iechternach duerchsetzen.

Den Optakt huet de Leandro géint den Zoltan Hencz gemaach, an de Loris géint de Cédric Merchez. Trotz Startschwieregkeeten an engem verluerenen éischte Saz konnt de Leo sech steigeren an déi dräi nächst Sätz fir sech decidéieren an de Match mat 3-1 gewannen. Eisen Neizougang de Loris huet um Dësch niewendrun gutt géint d’Iechternacher Nummer 1 matgehalen, an huet déi zwee éischt Sätz just knapp missen ofginn. Schlussendlech huet hien sech dunn awer mat 0-3 géint d’Nummer 6 vun der Ranglëscht geschloe ginn.

Den David hat uschléissend keng Problemer géint de Laurent Boden a konnt sech 3-0 duerchsetzen. Parallel dozou ass et zu engem ganz spannenden a virentscheedende Match tëschent dem Tom an dem siwemolege Lëtzebuerger Champion, dem Traian Ciociu komm. Déi zwee éischt Sätz huet den Tom misse knapp mat 9-11 ofginn, éier hie besser an de Match fonnt huet a sech an de fënnefte Saz gespillt huet. Hei huet hien d’Nerve behalen a konnt mat dëser 3-2 Victoire en éischt Ausruffzeechen fir dës Saison setzen.

A sengem zweete Match konnt och de Leo ënnersträichen dass d’Form scho stëmmt. An engem flotten a spannende Match mat villen spektakuläre Ballwiessel konnt hien sech mat 3-1 géint de Merchez behaapten. Zäitgläich huet de Loris a fënnef enke Sätz géint den Hencz de Kierzere gezunn.

Mat 4-2 ass et also an déi zwee lescht Eenzel gaangen, an hei konnten den David an den Tom mat jeeweils enger 3-1 Victoire géint de Ciociu an de Boden de Sak fir eis Faarwen zoumaachen. Domat konnte mir dësen éischte Championnatsmatch, an den Ost-Derby fir eis decidéieren.

De kommende Weekend spille mir auswäerts beim Opsteiger Nidderkäerjeng. Hei dierf ee virun allem op den Irfan Cekic an den Evgheni Dadechin gespaant sinn, zwee Spiller géint déi mir an der Vergaangenheet scho vill enk Matcher bestridden hunn. Eis Jongen sinn awer fest gewëllt fir déi dräi Punkten mat op Berbuerg ze huelen.

Go DTB!