Match gedréit! 6-2 Victoire géint Nidderkäerjeng

8th October 2024

club logo

DT Berbuerg

image

Um zweete Spilldag vun der Audi League sinn eis Jongen auswäert géint den Opsteiger vun Nidderkäerjeng ugetrueden. Och wa mir als Favorit an de Match gaange sinn war gewosst dass et net einfach géif ginn, vue datt Nidderkäerjeng mam Irfan Cekic an Evgheni Dadechin zwee absolut Spëtzespiller an hire Reien huet.

Dës zwee goufen och an d’viischt Paarkraiz gesat, a komplettéiert gouf d’Equipe vum Kevin Fickinger a Raoul Lanners. Eis Equipe ass mam David a mam Leo am viischten, a mam Tom a Loris am hënneschte Paarkraiz ugetrueden.

De bessere Start hat definitiv d’Heemequipe erwëscht gehat. De Leo hat mam Dadechin senger onkonventioneller Spillaart Problemer, an huet net richteg an de Match fonnt, sou datt hien sech um Enn mat 1-3 huet misse geschloe ginn. Am David sengem Match géint den Cekic krut sech keen sou richteg duerchgesat, sou datt de Match an den Entscheedungssaz gaangen ass. Do huet den David leider knapp mat 10-12 de Kierzeren gezunn. Domat si mir mat 0-2 a Réckstand geroden, an hunn eis misse steigere fir dëse Match nach ze dréien.

De Réckstand huet allerdéngs net laang ugehalen, den Tom an de Loris konnten hire Favoritterolle géint de Fickinger an de Lanners gerecht ginn a konnten op 2-2 ausgläichen.

Am zweeten Tour konnten och de Leo an den David sech steigeren. Den David hat iwwerraschent wéineg Problemer géint den Dadechin a setzt sech 3-0 duerch. Och de Leo huet vill besser an de Match fonnt a wënnt 3-1 géint d’Käerjenger Nummer 1 Cekic.

Zum Schluss konnten eis zwee Youngster‘e mat zwou däitlechen 3-0 Victoiren den Deckel drop maachen. Domat konnte mir de Match no engem 0-2 Réckstand dréien a schlussendlech mat 6-2 gewannen.

Nächste Samschdeg empfänke mir d’Kolleege vu Lénger zu Berbuerg an der Sportshal. De Match ass wéi gewinnt um 14h30, fir Iessen a Gedrénks wäert wéi ëmmer beschtens gesuergt sinn. An der Vergaangenheet waren et ëmmer enk a spannend Dueller géint Lénger, dofir invitéiere mir all Dëschtennisfrënd fir sech dëse Spektakel ukucken ze kommen.

Go DTB!