6-3 Victoire géint Lénger
18th October 2024
DT Berbuerg
Um drëtte Spilldag an der Audi League koum et zum Spëtzematch tëschent Lénger a Berbuerg. Hei gouf et an der Vergaangenheet ëmmer enk a spannend Dueller, an och dës Kéier sollt et net anescht goen.
Lénger huet direkt fir eng Iwwerraschung gesuergt, andeems si mat hirem Coach, dem Christian Kill gespillt hunn, de fir den ugeschloenen Gilles Michely agesprongen ass. Zesumme mam Arlindo de Sousa huet de Kill dat viischt Paarkraiz geformt. Komplettéiert gouf d’Lénger Equipe mam Jim Cloos an Aaron Sahr. Eis Jongen si mam David a mam Leo am viischte, a mat eise Youngsters Loris an Tom am hënneschte Paarkraiz ugetrueden.
Am éischte Match konnt den David sech iwwerraschend däitlech mat 3-0 géint de Kill duerchsetzen. Um Niewendësch sollt et däitlech méi spannend zougoen. De Leo konnt den éischten an den drëtte Saz gewannen, den de Sousa konnt awer zweemol ausgläichen. Sou ass et an den decisive fënnefte Saz gaangen. Hei hat den de Sousa de bessere Start erwëscht an ass mat 3-1 a Féierung gaangen, éier de Leandro opgedréit huet a mat 10 Punkten no Gang de Saz mat 11-3 wënnt an eis Faarwe mat 2-0 a Féierung bréngt.
Am hënneschte Paarkraiz sollten d’Matcher net manner spannend verlafen. De Loris hat géint de Cloos e schlechte Start erwëscht an ass mat 0-2 a Réckstand geroden. Hien konnt sech awer zréck an de Match kämpfen an op 2-2 ausgläichen. Um Enn huet de Loris sech awer missen engem staarke Cloos mat 8-11 geschloe ginn. Parallel ass den Tom géint de jonke Sahr ugetrueden. Obschonn et alles ganz däitlech Sätz waren, goufen déi véier éischt Sätz gedeelt, wouduerch et och hei an den entscheedende Saz gaangen ass, wou och hien de Kierzere gezunn huet. Domat konnt Lénger op 2-2 ausgläichen.
Am Duell vun de Spëtzespiller konnt de Leo de Schwong aus sengem éischte Match mathuelen a setzt sech 3-1 géint de Kill duerch. Och den David hat e gudde Start géint den de Sousa erwëscht a konnt sech eng 2-0 Féierung erausspillen. Den de Sousa konnt sech awer däitlech steigeren, déi zwee nächst Sätz gewannen an esou ass et an déi véiert „Bäll“ fir dësen Nomëtteg gaangen. Hei huet den David awer zréck an de Match fonnt a setzt sech knapp mat 11-9 duerch, wouduerch mir eis e 4-2 Avantage erspillt hunn.
Eng Victoire sollt onbedéngt nach hir, fir op mannst mat enger 5-3 Féierung an d’Dubbelen ze goen. Den Tom konnt gutt mathale géint de Cloos, an no zwee Sätz déi réischt an der Verlängerung decidéiert goufe stoung et 1-1. Duerno krut de Cloos awer d’Iwwerhand a setzt sech um Enn mat 3-1 duerch. Och beim Loris géint de Sahr goufen déi zwee éischt Sätz gedeelt, éier hien de Match mat 3-1 fir sech entscheede konnt, an eis déi wichteg 5-3 Féierung gesëchert huet.
Den decisive sechste Punkt konnten eis zwee Youngsters secheren. De Loris an den Tom setzen sech iwwerraschent däitlech mat 3-0 géint d’Koppel Kill a Cloos duerch. Domat wanne mir dëse spannenden a wichtege Match géint Lénger mat 6-3.
De Samschdeg spille mir um véierte Spilldag auswäerts zu Lëntgen. Déi Lëntgener trieden och mat enger jonker Equipe un, déi sech bis elo gutt geschloen huet. Mir sinn awer fest gewëllt fir déi dräi Punkte mat op Berbuerg ze huelen.
Go DTB!