Victoire zu Lëntgen

22nd October 2024

club logo

DT Berbuerg

image

Um véierte Spilldag setzen sech eis Jonge souverän mat 6-1 géint Lëntgen duerch. Rausgestach huet eis Nummer 1, de Leandro Fuentes, deen seng 2 Match däitlech mat 3-0 gewanne konnt.

Béid Equippen hunn der Ranglëscht no opgesat, Lëntgen huet mat den zwee Belsch Swartenbrouckx Gaetan a Saudemont Robin fir, a mat hire Lëntgener Jongen Elsen Luca an Theisen Max hannen gespillt.

Eis Faarwen si fréi a Féierung gaangen, dat well de Leo keng Problemer hat géint de Saudemont a sech 3-0 duerch setzt. Den David ass géint säi belsche Landsmann fréi mat 0-2 a Réckstand geroden, konnt sech awer rëm op 2-2 erukämpfen, éier hien sech dunn awer am fënnefte Saz huet misse geschloe ginn. Am hënneschte Paarkraiz war eisen Tom tatsächlech mat 20 Joer den „eelste“ Spiller. Hien konnt dës Erfarung och am Match géint den Elsen ausspillen, a wënnt a véier knappe Sätz mat 3-1. De Loris hat och e gudde Start erwëscht an ass mat 2-0 a Féierung gaangen. Duerno huet de jonken Theisen awer besser an de Match fonnt a konnt op 2-2 ausgläichen. An der Bäll war de Loris awer rëm voll do, hie konnt sech fréi ofsetzen a mëscht de wichtege Break fir eis Faarwen.

A sengem zweete Match konnt de Leo seng gutt Form confirméieren, a gewënnt och däitlech géint d’Lëntgener Nummer 1 Swartenbrouckx mat 3-0. Den David huet och géint säin zweete Landsmann, de Saudemont, en enke Match gehat, konnt sech awer um Enn mat 3-2 duerch setzen. Mat enger 3-1 Victoire géint den Elsen mëscht de Loris de Sak fir eis Faarwen zou, an hëlt eis déi dräi Punkte mat op Berbuerg.

Domat konnten eis Jongen och de véierte Match vun dëser Saison gewannen. Nächste Sonndeg geet et weider mat engem weideren Auswäertsmatch, dës Kéier zu Esch géint d’Abol. Hei dierf ee virun allem op d’Nummer 1 vun den Escher, den Amiri Nia Soroosh, gespaant dee bis elo eng ganz staark Saison spillt. Kommt eis Jongen ënnerstëtzen, fir dass mir mat enger weiderer Victoire virun der Paus ofschléisse kënnen.

Go DTB!