Knapp Victoire zu Esch

1st November 2024

club logo

DT Berbuerg

image

Leschte Samschdeg sinn eis Jonge géint den Opsteiger vun Esch ugetrueden. D’Escher Abol war op kee Fall ze ënnerschätzen, mam Amiri Nia Soroosh hunn si en absolutten Toppspiller an hire Reien. Ganz knapp konnte mir eis zum Schluss mat 6-4 duerchsetzen, woubäi déi eenzel Matcher bal all relativ däitlech ausgaange sinn.

Esch huet mam Amiri Nia Soroosh a mam Kempfer Vincent fir gespillt, hir Nummer 2, de Joannes Olivier gouf zesumme mam Weiten Steve hannen opgesat. Mir hunn och gedréit, sou datt niewent dem Leandro de Loris nach fir, an den David an den Tom hanne gespillt hunn.

Doduercher stoung et nom séieren éischten Duerchgang och wéineg iwwerraschend 2-2; de Loris verléier 0-3 géint den Amiri Nia, de Leo wënnt 3-0 géint de Kempfer, den Tom verléier 1-3 géint de Joannes, an den David gewënnt 3-0 géint de Weiten.

Och den zweeten Tour sollt, bis op ee Match, séier iwwert d’Bün goen. De Leandro muss sech iwwerraschend däitlech mat 0-3 géint d’Escher Nummer 1 geschloe ginn, de Loris setzt sech grad sou däitlech géint de Kempfer duerch. Och den Tom hat am hënneschte Paarkraiz keng Problemer a wënnt 3-0 géint de Weiten. Ab elo sollt de Match awer vill méi enk verlafen. Réischt no fënnef Sätz konnt den David sech géint säi belsche Landsmann Joannes duerchsetzen, an eis domat den immens wichtege 5-3 Avantage virun den Dubbele rausspillen.

Och déi zwee Dubbele goufe réischt an der Bäll decidéiert. Den Tom an de Loris sinn géint déi vermeintlech méi schwaach Koppel Joannes / Weiten ugetrueden. No engem 0-1 an 1-2 Réckstand konnten si ëmmer rëm ausgläichen, am fënnefte Saz hunn si schlussendlech awer de Kierzere gezunn. Parallel waren de Leo an den David mat 2-1 fir an hirem Match géint den Amiri Nia an de Kempfer. Am véierte Saz krute si de Sak einfach net zougemaach, an hunn dësen no sëllege Matchbäll mat 16-18 verluer. Domat gouf an dësem fënnefte Saz décidéiert op eis Jongen och de fënnefte Match um Stéck wannen, oder op mir fir d’éischt an dëser Saison Punkte leien loossen. De Leo an den David haten awer e super Start erwëscht a konnten sech direkt ofsetzen. Um Enn wannen si den decisive Saz 11-5 a sécheren eis déi 3 Punkte géint Esch.

Kommende Weekend ass Paus, duerno geet et den 9- November wieder mam Heemmatch géint den Houwald. Dëse gëtt wéi ëmmer Samschdes Mëttes um 14h30 Zu Berbuerg gespillt. D’Buvette wäert op sinn, kommt laanscht an ënnerstëtzt eis Jongen.

Go DTB!