6-2 Victoire géint den DT Houwald
11th November 2024
DT Berbuerg
Um fënnefte Spilldag war den DT Houwald op Besuch zu Berbuerg. D’Gäscht si mam Belsch Benjamin Rogier a mam Cheng Xia fir ugetrueden, an hu mam Xu Wang a Jonas Andrzejewski hanne gespillt. Mir hunn, wéi schonn sou oft dës Saison, mam Leandro a mam David fir, a mam Tom a Loris hanne gespillt.
Am éischte Match hat den David keng Problemer géint de Xia, a kann sech 3-0 duerchsetzen. De Leandro hat par contre net an de Match fonnt, an ass séier mat 0-2 a Réckstand geroden. Am drëtte Saz konnt hien sech steigeren an huet de ganze Saz gefouert, um Enn konnt de Rogier sech awer knapp duerchsetzen an de Match 3-0 gewannen. De Loris huet a sengem Match näischt géint den Andrzejewski opkomme gelooss a wënnt 3-0. Parallel dozou ass et zum éischte richteg enke Match komm. Den Tom hat Problemer fir an de Match ze fanne géint de Wang, an huet déi zwee éischt Sätz missen ofginn. Duerno konnt hien sech awer steigeren, an nodeems hien den drëtten an de véierte Saz knapp gewonnen huet, konnt hien am fënnefte Saz vum Momentum profitéieren an dësen däitlech gewannen. Domat dréit hien dëse Match géint d’Nummer 2 vum Houwald, a mëscht de wichtege Break fir eis Faarwen.
A sengem zweete Match hat och den David näischt zegutt géint de Rogier, deen op dësem Nomëtteg einfach ze staark fir eis Jonge war. De Leo hat net säi beschten Dag erwëscht, och a sengem zweete Match hat hie méi Schwieregkeete wéi erwaart. No véier knappe Sätz ass et an de fënnefte Saz géint de Xia gaangen, hei konnt hien sech awer däitlech duerchsetzen. Am hënneschte Paarkraiz wënnt den Tom 3-0 géint den Andrzejewski, an hëlt de fënnefte Punkt fir eis. Um Enn war et de Loris deen an engem enken a spannende Match d’Victoire fir eis geséchert huet. Genau wéi den Tom gewënnt hien a fënnef Sätz géint de Wang.
Domat gewanne mir schlussendlech mat 6-2 géint den Halleffinalist vu leschter Saison. Virun allem eis zwee Youngsters, den Tom an de Loris, hu rausgestach mat hire Victoirë géint d’Nummer 2 vum Houwald, an insgesamt engem 4-0 am hënneschte Paarkraiz.
Nächste Weekend geet et weider mam Auswäertsmatch zu Miersch géint Recken. Recken, déi dës Saison och nach ongeschloe sinn, hunn d’lescht Saison gewisen dass si eng vun de stäerksten Equippen aus der Liga sinn. Mat hirer Nummer 1, dem Thomas Keinath, deen dës Saison nach ongeschloen ass, wäert et sécherlech e ganz haarde Match gin. Kommt dofir nächste Samschdeg op Miersch, fir eis Jongen op dësem schwéiere Match ze ennerstëtzen.
Go DTB!