Batter Defaite zu Miersch
22nd November 2024
DT Berbuerg
Um sechste Spilldag koum et zu der éischter Néierlag fir eis Jongen, an engem spannenden a knappe Match hunn si sech um Enn mat 4-6 misse geschloe ginn. Immens batter war dass keng vun de véier Bellen gewonne gouf.
Recken huet de Gene Wantz fir opgesat, niewent hir Nummer 1, an och d’Nummer 1 aus der Ranglëscht, den Thomas Keinath. De formstaarke Matas Skukas huet mam Louis Gira hanne gespillt. Mir hunn der Ranglëscht no opgesat, Leo an David fir, Loris an Tom hannen.
Et koum direkt zum Spëtzematch tëschent dem Leandro an dem Keinath. De Match ass och den Erwaardunge gerecht ginn, et war e flotten a spannende Krimi den an den decisive fënnefte Saz gaangen ass. Hei konnt de Leo sech eng 8-4 Féierung erausspillen, de Keinath huet sech allerdéngs erëm erugekämpft. Bei 10-9 hat de Leo souguer Matchball, konnt dësen awer net notzen, a verléiert um Enn 10-12. Um Niewendësch soll et net manner dramatesch ofgoen. Och beim David géint de Wantz ass et an den Entscheedungssaz gaangen. Direkt am Ufank vum Saz huet den David en hallef-laange Ball falsch ageschat, an ass mat der Rackett a mat der Hand laanscht den Dësch geschruppt. De Belag war net méi ze gebrauchen, an un der Hand huet hien ugefaange mat bludden. No engem „medical timeout“ konnt hie mat enger anerer Rackett wieder spillen, huet allerdéngs net méi zréck an de Match fonnt an de fënnefte Saz däitlech verluer.
Domat ass Recken direkt de Break gelongen, a mir sinn direkt ënner Drock geroden. Am hënneschte Paarkraiz sinn d’Iwwerraschungen ausbliwwen, De Loris wënnt 3-0 géint de Gira, an den Tom verléiert mam nämmlechte Resultat géint de Skukas.
Am fiichte Paarkraiz konnten d’Favoritten se genau sou däitlech duerchsetzen, de Leo gewënnt géint de Wantz, den David verléiert géint de Keinath.
Domat stoung et 2-4 fir Recken, an et war déi lescht Chance fir de Réckstand virun den Dubbelen nach auszegläichen. A véier knappe Sätz konnt den Tom sech géint de Gira duerchsetzen, an op 3-4 verkierzen. De Loris konnt um Dësch niewendrun och richteg staark opspillen. No gewonnenem éischte Saz ass hie mat 1-2 a Réckstand geroden, konnt sech awer duerch eng richteg staark Leeschtung an de fënnefte Saz retten. Hei huet hien och weiderhi gutt gespillt, de Problem war dass de Skukas wansinneg gutt gespillt huet. Trotz gudder Leeschtung muss de Loris sech um Enn géint en immens staarke Skukas geschloe ginn, an domadder sinn mir mat engem 3-5 Réckstand an d'Dubbele gaangen.
Den Tom an de Loris konnten hirer Favoritteroll géint d’Koppel Wantz / Gira gerecht ginn a wannen 3-1. Um Niewendësch sinn den David an de Leo géint de Keinath an de Skukas an de fënnefte Saz gaangen, an och déi véiert Bäll sollte mir verléiere soudatt de Match mat 4-6 fir den DT Recken op en Enn geet.
Trotz gudde Leeschtungen huet eis déi néideg Reussite gefeelt, an natierlech ass och nach e bëssen Pech dobäikomm. Recken huet ganz staark gespillt, an dëse Match verdéngt gewonnen. Fir eis ass dat awer kee Beebroch, nächste Weekend geet et wieder mam siwente Spilldag, wou mir Samschdes Mëttes auswäerts zu Diddeleng spillen. Sonndes ass dann och nach d’Aachtelsfinall vun der Coupe de Luxembourg wou eis Jongen zu Dräibuer géint Fluessweiler untrieden.
Go DTB!