Bundesliga zu Berbuerg!

27th November 2024

club logo

DT Berbuerg

Am Kader vum 50. Anniversaire vun eisem DT Berbuerg wäert de Bundesligamatch tëschent dem 1. FC Saarbrécken an den TTC Zugbrücke Grenzau, den 9. Februar um 14 Auer zu Berbuerg ausgedroe ginn.

D’Dëschtennis Departement vum 1. FC Saarbrécken, mat deene mir säit e puer Saison’en eng gutt Relatioun pfleegen, huet sech bereet erkläert fir hiren Heemmatch net wéi gewinnt zu Saarbrécken, mee zu Berbuerg an der Sportshal ze spillen. An der Deschtennisbundesliga kënnt et alt mol fir dass e Match an enger anerer Staat ausgedroe gëtt, fir de Sport ze promouvéieren a Reklamm ze maachen, dëse Match wäert allerdéngs de réischt zweete Match an der Geschicht vun der TTBL sinn, deen am Ausland gespillt gëtt.

D’Kiischt um Kuch ass natierlech dass eise Partnerverain vu Saarbrécken an dësem Match géint Grenzau untrëtt, wou jo bekanntlech de Luka Mladenovic säit dëser Saison spillt. De Luka huet seng Lizenz säit e puer Joer zu Berbuerg, an trëtt fir eis op den individuelle Landesmeeschterschaften un. Mir sinn immens frou dass mir hien dann och elo an der Bundesliga bei sengem neie Veräin spille kënne gesin, an dat direkt bei eis an der „Stuff“.

E riseg groussen MERCI un den Nicolas Barrois, Teammanager vu Saarbrécken, an de ganze Club vu Saarbrécken, fir dass mir dëst fantastescht Event am Kader vun eisem Gebuertsdag ausriichte kënnen!

Den Ticketsverkaf gëtt Enn dëser Woch lancéiert. Et wäerten normal Ticket’e gi fir Sëtzplazen, a Vip-Ticket’en déi reservéiert Sëtzplazen direkt um Spilldësch an Accès an eise Vip-Beräich mat iessen a Gedrénks garantéieren.

image