Knapp Néierlag um Saisonoptakt
16th September 2026
DT Berbuerg

Leschte Samschdeg sinn eis Jongen an déi nei Saison gestart. Gläichzäiteg war et och den éischten Optrëtt am roude Berbuerger Trikot fir de Sam Habscheid an de Vincent Schlotthauer. No den Ofgäng vum Tom Scholtes a Loris Stephany ass d’Zilsetzung dës Saison net déi selwecht wéi an de leschte Joren, wou mir regelméisseg ëm d'Spëtzeplaze matgespillt hunn. Dës Joer soll eis jonk an deelweis nach onerfueren Equipe sech an der Liga etabléieren an de Klassehalt ofsécheren.
Mam DT Houwald stoung eis direkt um éischte Spilldag eng schwéier Aufgab bevier. De Vize-Champion war an dësem Duell kloer de Favoritt, soudatt eis Spiller ouni Drock konnten un den Dësch goen. Houwald ass mam Leo Vekic an Aaron Sahr am vischte Paarkräiz an dem Benjamin Rogier a Marc Dielissen am hënneschte Paarkräiz ugetrueden. Fir Berbuerg hunn de Leandro Fuentes a Sam Habscheid vir gespillt, wärend den David Henkens an de Vincent Schlotthauer dat hënnescht Paarkräiz gebilt hunn.
De Leandro huet direkt seng staark Form ënner Beweis gestallt. Mat sengem dréckende Topspinspill huet hien dem Aaron Sahr wéineg Méiglechkeete gelooss a sech verdéngt mat 3:1 duerchgesat. De Sam huet a sengem éischte Championnatsmatch fir de DT Berbuerg eng iwwerzeegend Leeschtung gewisen, huet awer d’Stäerkt vum Houwalder Spëtzespiller Leo Vekic missen unerkennen a sech mat 1:3 geschloe ginn.
Am hënneschte Paarkräiz hat den David den Dielissen gréisstendeels ënner Kontroll a konnt sech mat 3:1 duerchsetzen. Och de Vincent huet bei sengem Debut fir de DTB eng ganz gutt Leeschtung gewisen. Géint den erfuerene Benjamin Rogier huet hien sech zwar mat 1:3 geschloe ginn, konnt awer villverspriechend Akzenter setzen.
Am Duell vun den Nummeren 1 huet de Leandro seng exzellent Leeschtung vum éischte Match confirméiert an de Leo Vekic mat 3:1 bezwongen. Parallel dozou kruten d’Supporteren am Duell tëscht den zwee Jugendnationalspiller vill spannend an enk Sätz gebueden. Trotz enger couragéierter Leeschtung vum Sam konnt den Aaron Sahr sech um Enn mat 3:1 duerchsetzen.
Beim Tëscheresultat vun 3:3 huet de Vincent fir ee vun den Highlights vum Nomëtteg gesuergt. Mat enger ganz staarker Leeschtung huet hien den erfuerene Marc Dielissen kloer mat 3:0 geschloen an domat seng éischt Victoire am Berbuerger Trikot gefeiert. Den David hat gläichzäiteg en usprochsvollen Duell géint säi Landsmann Benjamin Rogier. Besonnesch de drëtte Saz war haart ëmkämpft a gouf eréischt an der Verlängerung zugonschte vum Houwalder decidéiert. Dat sollt sech als entscheedende Moment vum Match erausstellen, an den David huet sech schlussendlech mat 1:3 misse geschloe ginn.
Mat engem Stand vu 4:4 ass et an d’Dubbelen gaangen, an eis Jongen stoungen kuerz virun enger klenger Sensatioun. De Vincent an de Sam hu sech géint d’Koppel Vekic / Dielissen mat 0:3 geschloe misse ginn. Och eisen etabléierte Spëtzendubbel Leandro Fuentes an David Henkens konnt géint Rogier / Sahr net fir d’Iwwerraschung suergen a verluer säi Match.
Sou steet um Enn eng knapp 4:6-Néierlag géint de Vize-Champion. Trotz dem enttäuschende Resultat kënnen eis Jongen vill Positives aus dësem Optrëtt mathuelen. Jiddfereen huet eng engagéiert a staark Leeschtung gewisen, déi optimistesch fir déi nächst Wochen stëmmt. E Gläichspill géint den DT Houwald wier ouni Zweiwel e flotte Succès gewiescht, mee déi wichtegst Matcher am Kampf ëm de Klassehalt hunn mir nach virun eis.
Weider geet et direkt mat engem Duebelespilldag: Den 3. Oktober si mir beim Champion zu Hueschtert op Besuch, ier mir den 4. Oktober den DT Lëntgen zu Berbuerg empfänken.
Go DTB! 🔴⚫
